De Service Sécurité vun der Suessemer Gemeng huet dës Aufgaben:

  • d’Erstellen an d’Ëmsetze vun den néidege Mesure fir d’Sécherheet an d’Gesondheet vun de Mataarbechter ze garantéieren
  • Sécherheets- a Preventiounsaktivitéite fir op Risiken am Alldag op der Aarbecht hinzeweisen an dat an all de Gebaier vun der Gemeng

Generell intervenéiert de Service Sécurité am Kader vun der Preventioun, der Protektioun an der Mise en place vun den Aktiounen, déi néideg sinn, fir d’Sécherheet an d’Gesondheet vun de Mataarbechter kënnen ze garantéieren:

  • an de Schoulen, Foyeren a Crèchë vun der Gemeng
  • an den administrativen an technesche Gebaier vun der Gemeng
  • bei Aktivitéiten a Manifestatiounen am ëffentleche Raum, ewéi bei Chantieren oder op Spillplazen

De Service Sécurité stellt doriwwer eraus dem Personal vun der Gemeng Suessem Informatiounen iwwer d’Sécherheet an d’Gesondheet op der Aarbechtsplaz zur Verfügung (Gesetzer, groussherzoglech Reglementer, Broschüren, …) a këmmert sech ëm déi néideg Formatiounen a puncto Brandschutz.