Am Joer 2014 huet d’Gemeng Suessem de Service vum Agent Municipal / Garde-Champêtre (AM/GCH) gegrënnt fir kënne sécherzestellen, datt déi ëffentlech Uerdnung a Sécherheet esou wéi och d’Propretéit vum ëffentleche Raum garantéiert sinn.

De Service AM/GCH steet fir Froen zu all dëse Sujeten zu all Abléck zur Verfügung:

  • De Parking residentiel
  • De Parking payant
  • D’Police-Reglement vun der Gemeng
  • D’Sécherheet an der Noperschaft vun de Schoulen
  • Esou wéi fir all Fro ronderëm Offäll am ëffentlechen Raum, Vandalismus op ëffentlechen Plazen, Hënn, Surveillancë vu Manifestatiounen, Gemengen- a Bëschweeër, Kontroll vun de Spillplazen a Parke vun der Gemeng