Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
Gemeng engagéiert sech

CIGL Suessem

De CIGL Suessem ass den 8. Abrëll 1998 gegrënnt ginn an zënter September 1999 am Asaz fir d’Bierger aus der Suessemer Gemeng. De CIGL ass eng Association d’utilité publique, déi bis 2013 zum Reseau Objectif Plein Emploi gehéiert huet an déi vum Aarbechtsministère an der Suessemer Gemeng ënnerstëtzt gëtt.

De CIGL Suessem setzt sech op lokalem Plang fir d’Verbesserung vun der Liewensqualitéit vun den Awunner aus der Gemeng an. Seng Haaptmissioune sinn d’Schafe vun neien Aarbechtsplazen an d’Ënnerstëtze vum sozialen Zesummenhalt am Sënn vun enger lokaler an nohalteger Entwécklung. Fir all Zort vun deloyaler Konkurrenz ze vermeiden, proposéiert de CIGL nëmme Servicer, déi aus Nische kommen an deene keng aner ekonomesch Acteuren aktiv sinn.

De Verwaltungsrot vum CIGL setzt sech esou zesummen: Marco GOELHAUSEN (President), Nathalie MORGENTHALER (Vizepresidentin), Jerry KRAETZER (Sekretär), Ronny KOSTER (Trésorier) a Marcel DENUIT (Assesseur). De Verwaltungsrot besteet aktuell aus 15 Memberen, déi dës wichteg politesch a sozial Aufgab, komplett benevole erfëllen.

Déi deeglech Aktivitéite vum CIGL gi vun der ‘Cellule de coordination interne’ geréiert. Dat sinn de Chargé de direction Dany Scholten, déi verantwortlech fir den administrative Service Carole Drauden an hier Assistentin Isabel Wohl.

De Pedro Gomes da Rocha ass verantwortlech fir de Klengen Atelier, de Luc Poos ass en charge fir de Service Environnement, d’Jessica Birklé ass d’Koordinatorin vun der Spullkëscht, d’Catia Giovannini ass responsabel fir de Service ‘Aide à la personne’ an de Service ‘Suessem Schmaacht’ gëtt geréiert vum Maraîcher Zinel Ramdani et sengem Ekippechef, Silvio Rausa. D’Ekipp gëtt encadréiert a completéiert vum Aide chef d’équipe, Kaisy Laschette.

Duerch seng sechs Aktivitéiten, déi vum Ministère fir Aarbecht, Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft unerkannt sinn a vun dësem zesumme mat der Gemeng Suessem subventionéiert ginn, kann de CIGL Suessem 33 Leit iwwer zwee Joer ewech eng Aarbechtsplaz ubidden. An deem Zäitraum kënnen déi concernéiert Demandeurs d’emploi och vun zousätzlechen an individuelle Weiderbildungsmoossname profitéieren. D’Recetten, déi de CIGL duerch seng Aktivitéite generéiert, fléissen integral un d’Gemeng oder gi fir de Finanzement vun der Asbl benotzt.

Kontakt:

Tel.: 26 59 01 40 1
Email: ccl@cigl.suessem.lu