Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
Senioren

Repas sur roues

De Service « Repas sur roues » ass fir Bewunner aus der Suessemer Gemeng, déi wéinst hirem Alter vu 65 Joer oder méi oder wéinst engem kierperlechen Handicap, Schwieregkeeten hunn, fir sech hiert Iesse selwer ze preparéieren oder sech an e Restaurant ze deplacéieren. D’Bewunner aus der Suessemer Gemeng, déi manner wéi 65 Joer al sinn, kennen unhand vum engem medezineschen Zertifikat vun dësem Service profitéieren.

D’Persoun, déi vum Service « Repas sur roues » profitéiere wëllen, soll hir Ufro an der Receptioun vum CIPA REWA maachen (59 49 40 – 1).

D’Iesse gëtt all Dag tëscht 11.00 a 13.00 Auer geliwwert an dëst 365 Deeg am Joer. D’Persoun huet d’Auswiel tëscht 2 Menüen. Speziell Iessregimmer kenne wann neidesch ugefrot ginn.

D’Bezuelung gëtt zweemol am Mount duerch eng Ofrechnung vun de gefroten a geliwwerte Bestellunge gemaach. D’Akasséiere vun de Sue gëtt duerch eng Bankdomiciliatioun vum Receveur vun der Gemeng ausgefouert.

De Präis vun engem Menü ass op 12 € fixéiert.

Fir all Ännerung vun enger Reservatioun rufft w.e.g. am CIPA REWA op den 59 49 49 – 6601 virun 9.00 Auer un.