Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
Enseignement a Jugend

Maison Relais

Kontakt: Administration/Direction
1, Passage Pablo Picasso (Gebai C)
L-4368 Belvaux
Tel : 59 30 75 2000
contact@maison-relais-sanem.lu

D’Gemeng Suessem huet am Joer 2001 de Projet Maison Relais ausgeschafft fir eng Garde fir d’Kanner ausserhalb vun de Schoulzäiten unzebidden. Fir an enger vun eise Strukturen ugeholl ze ginn, funktionéiere verschidden Opnamcritèren, mat eventuelle Waardelëschten. An eise Strukture ginn d’Kanner vun 2 Méint bis 12 Joer betreit.

Eist haaptsächlecht Zil ass et de Famillje mat just engem Elterendeel, de Famillje wou déi zwee Eltere schaffen an de Familljen a Schwieregkeeten d’Méiglechkeet ze ginn hir Kanner bei eis betreien ze loossen.

Déi verschidden Déngschter vun der Maison Relais:

A) Accueil du Matin:

En Accueil du Matin ass vu 7.00 bis 7.50 Auer an oder no bei de Schoulgebaier virgesinn.

B) Accueil de Midi:

Am Accueil de Midi ginn d’Kanner aus dem Cycle 1 betreit, bis zum Enn vum Cours vun de Kanner aus de Cyclen 2 bis 4, zu folgenden Zäiten:

  • Méindes, mëttwochs a freides vun 11.45 bis 11.55 Auer, an
  • Dënschdes an donneschdes vun 11.45 bis 12.25 Auer.

Den Accueil de Midi hëlleft den Elteren en duebelen Trajet ze vermeiden, déi Kanner am Cycle 1 wéi och an den Cyclen 2-4 hunn.

C) Foyers de Midi:

méindes/mëttwochs/freides: 11.55-13.50 Auer dënschdes/donneschdes: 12.25-14.30 Auer

 

·      Foyer de Midi «Belvaux Centre Culturel» (fir d’Kanner aus der Schoul Bieles-Post) ·        Foyer de Midi «Soleuvre Ecole 2000» (fir d’Kanner aus de Schoulen Zolver-Zenter an 2000)
·      Foyer de Midi «Ehlerange Kulturschapp» (fir d’Kanner aus der Schoul Éilereng) ·        Foyer de Midi «Scheierhaff» (fir d’Kanner aus der Schoul Scheierhaff)
·      Foyer de Midi «Sanem Centre Culturel» (fir d’Kanner aus de Schoule vu Suessem) ·        Foyer de Midi «Chemin Rouge» (fir d’Kanner aus der Schoul Roude Wee)

 

Wärend de Schoulvakanzen sinn d’Accueilen an d’Foyers de Midien zou.

D) Foyers Scolaires:

Ëffnungszäite wärend der Schoulzäit:

méindes/mëttwochs/freides: 11.55-13.50/15.50-18.30 Auer  dënschdes/donneschdes: 12.25-18.30 Auer

fir d’Kanner vum Kannercampus: 8.00-14.30 Auer

Ëffnungszäiten wärend der Schoulvakanz: méindes-freides: 7.00-18.30 Auer

 

·      Foyer Scolaire Belvaux rue de France (fir d’Kanner aus der Schoul Bieles-Post) ·      Foyer Scolaire Ecole Belvaux-Poste (fir d’Kanner aus der Schoul Bieles-Post)
·      Maison Relais Chemin Rouge (fir d’Kanner aus der Schoul Roude Wee) ·      Foyer Scolaire Ehlerange (an der Annexe vun der Schoul Scheierhaff, fir d’Kanner aus der Schoul Éilereng)
·      Foyer Scolaire Sanem (fir d’Kanner aus den Schoulen Suessem) ·      Foyer Scolaire Sanem Scoutshome (fir d’Kanner aus de Schoulen Suessem)
·      Foyer Scolaire Sanem Maison Feyder (fir d’Kanner aus den Schoulen Suessem) ·      Maison Relais Scheierhaff (enfants des cycles 2-4) (fir d’Kanner aus der Schoul Scheierhaff)
·      Foyer Scolaire Scheierhaff – Ecole (enfants du cycle 1) (fir d’Kanner aus der Schoul Scheierhaff) ·      Zolwer Kannerbuerg (fir d’Kanner aus den Schoulen Zolwer-Zenter an 2000)
·      Foyer Scolaire Soleuvre rue de Differdange (fir d’Kanner aus der Schoul 2000) ·      Foyer Scolaire Soleuvre-Centre (fir d’Kanner aus den Schoulen Zolwer-Zenter an 2000)
· Kannercampus Belval (fir d’Kanner vum Kannercampus Belval)

 

Aktivitéiten

  • verschidde pädagogesch a spilleresch Aktivitéite gi proposéiert, sozial Kontakter ginn ënnerstëtzt, d’Kanner kréie gehollef méi selbststänneg ze ginn a si gi bei hiren Hausaufgabe begleet, …
  • verschidde kreativ Aktivitéite gi proposéiert: bastelen, molen, Spiller, Musek, …
  • Aktivitéiten am Fräien: Spiller, Sport, Gaardenaarbecht, trëppelen, Ausflich, Vakanzekolonien,
  • Mir hunn 7 Minibussen fir eis Sortien zur Verfügung.

Hausaufgaben

  • Méindes a mëttwochs: wärend 1 Stonn kënnen d’Kanner hir Hausaufgaben an deenen eenzelne Strukturen erleedegen.
  • Dënschdes an donneschdes: wärend 1½ Stonn kënnen d’Kanner hier Hausaufgaben an deenen eenzelne Strukturen erleedegen.
  • Freides gi keng Hausaufgabenhëllef erleedegt.

Projeten

Eis Maison Relais ass bei verschiddene Projeten mat dobäi, wéi z. B. «Sportsprojet», «Gesond Iessen, méi Bewegen», «Liese mécht schlau»,  «Konscht am Bësch, les Sentiers Rouges», «Relais pour la Vie», Chorale vun der Maison Relais op de Seniorefeieren, Inter-Generatiouns Projeten, «Kultur fir Kanner», «Kachen mat Kanner», etc.

E) Crèche «Zolwer Kannerbuerg»

Am Januar 2012 huet d’Gemeng Suessem de Foyer de Jour Zolwer Kannerbuerg iwwerholl. D’Gemeng Suessem huet 18 Plaze fir d’Kanner vun 2 Méint bis 2 Joer a 26 Plaze fir d’Kanner vun 2 bis 4 Joer zur Verfügung. Säit September 2020 si 24 Plaze fir Kanner tëscht 2 Méint a 4 Joer verfügbar.

Ëffnungszäiten: Méindes-freides: 7.00-18.30 Auer.

 

F) Projet Maison Relais/Précoce

Zanter der Rentrée 2014/2015 bidde mir op folgendeen Siten eng Ganzdagsbetreiung fir d’Kanner aus dem Précoce un: Roude Wee, Suessem a Scheierhaff.

Ëffnungszäiten wärend der Schoulzäit:

méindes/mëttwochs/freides: 11.45-13.50/15.50-18.30 Auer dënschdes/donneschdes: 11.45-18.30 Auer

Ëffnungszäiten wärend der Schoulvakanz: méindes-freides: 7.00-18.30 Auer

Verschidden Informatiounen:

Zoubereedung vum Iessen

Zanter der Rentrée 2006-2007 hu mir diploméiert Käch a Kichepersonal agestallt. D‘Molzechte ginn an eise Kichen vun der Schoul 2000, der Zolwer Kannerbuerg, der Maison Relais Scheierhaff an der Maison Relais Roude Wee zoubereet an dann an eis verschidde Strukture geliwwert. Well vill Kanner dräi bis fënnef Mol pro Woch (bis zu 180 Mol pro Joer) bei eis iessen, ass et wichteg op eng gutt Qualitéit vun de Produkter opzepassen (Bio, Fairtrade, regional Produkter, …) an ausgeglache Platen unzebidden. Dat gemeinsaamt Mëttegiessen ass e wichtege pedagogeschen Aspekt.

Konzept

E pedagogescht Konzept gouf ausgeschafft fir méi strukturéiert ze schaffen an eis d’Méiglechkeet ze ginn eis Aarbecht besser ze bewäerten.

Personal

Eist Personal besteet aus enger Assistante Sociale, graduéiert Eductricen/teuren, diploméiert Eductricen/teuren, Eductricen/teuren a Formatioun, Hëllefséducatricen/teuren, administratiivt Personal, eng Infirmière an der Pédiatrie, Remplaçanten, diploméiert Käch, Hëllefskäch, Personal fir den Transport a kleng Aarbechten.

Psychologesch Berodung

Zanter 2013 kënne mir op d’Hëllef vun enger Psychologin zeréckgräifen, déi eis an der Gestioun vum Alldag ënnerstëtzt.

Finanziell Bedeelegung vun den Elteren:

Den Tarif vum Chèque-Service Accueil gëtt applizéiert. D’Eltere mussen de Chèque Service bei der Gemeng ufroen.

Aschreiwung

Fir e Kand an der Maison Relais anzeschreiwen, muss een eng Aschreiwungsfiche ausfëllen. Dës kann am Büro vun der Maison Relais ofgeholl ginn oder vun eisem Internetsite erofgeluede ginn. D’Eltere mussen d’Aschreiwungsfiche zesumme mat den néidegen Dokumenter wärend den Aschreiwungsdeeg ofginn. D’Datumer vun den Aschreiwungsdeeg ginn no der Ouschtervakanz op eisem Internetsite verëffentlecht. Nëmme komplett Dossiere ginn ugeholl. E Kand kann och wärend dem Schouljoer ugemellt ginn, wa Plazen disponibel sinn.