D’Missioun vun dësem Service an d’Aufgaben an d’Responsabilitéit vun der Gemengereceveuse sinn am Gemengegesetz vun 1988 definéiert.

Déi Haaptaufgaben:

Tresorerie

  • de Suivi an d’Gestioun vun de Gemengegelder
  • d’Gestioun vun de Bankkonten a vun der Gemengekeess
  • d’Gestioun an d’Surveillance vun de Keesen, déi et an den eenzele Gemengeservicer ginn

Buchféierung – Clienten

  • d’Akasséiere vun de Clientsrechnungen
  • de Remboursement vun de Notes de crédit
  • de Suivi vun den Delaie fir d’Rechnungen ze bezuelen a vun den Arrangementer (Finanzplang)
  • d’Andreiwe vun de net bezuelte Rechnungen
  • d’Gestioun vun den Encaissementer iwwer Domiciliatioun

D’Gemengekeess an de Biergerzenter akzeptéieren d’Bezuele vun de Rechnunge mat Boergeld oder mat V-PAY, VISA a MASTERCARD vun 10,- Euro un.

Verschidde Rechnungen (ewéi Gemengentaxen) kënnen iwwer Payconiq bezuelt ginn.

D’Cliente si gebiede sech direkt un d’Servicer Facturatioun (fir d’Gemengentaxen), Chèques-Service (fir d’Rechnunge vun der Maison relais) oder CIPA (fir d’Rechnunge vum CIPA) z’adresséieren, wann si wëllen hir Rechnungen iwwer e Mandat de domiciliation bezuelen.

Déi Clienten, déi hir Rechnungen net kënnen an den Delaie bezuelen, si gebiede sech mat der Gemengereceveuse a Verbindung ze setze fir en Arrangement (Finanzplang) ze fannen, fir zousätzlech Onkäschten ze vermeiden (Dierwiechter, Scholdzënsen, …).

Buchféierung – Fournisseuren

  • d’Ausbezuele vun de Rechnungen un d’Fournisseure vun der Gemeng, wann se bis vum Schäfferot, ënnert deene vum Gemengegesetz virgeschriwwene Konditiounen a Formen, ordonéiert gi sinn.

 

Comptes bancaires

CCPL : LU51 1111 0137 3760 0000 (code BIC : CCPLLULL)

BCEE : LU58 0019 5201 0032 9000 (code BIC : BCEELULL)

BGLL : LU67 0030 0140 0470 0000 (code BIC : BGLLLULL)

BILL : LU85 0020 1360 8500 0000 (code BIC : BILLLULL)

CCRA : LU36 0090 0000 7122 1410 (code BIC : CCRALULL)

ING :  LU77 0141 3569 1920 0000 (code BIC : CELLLULL)

Titulaire du compte : RECETTE COMMUNALE DE SANEM