De Service vun de Ressources humaines (RH) ass responsabel fir d’Gestioun vun de Personaldossieren. Seng Haaptaktivitéite beinhalten d’Beräicher vun der Bezuelung, der Gestioun vun der Aarbechtszäit, den Absencen an de Congéen, souwéi der Opstellung vun de Carrièren. En ass kompetent fir d’Astellungsprozedur, dat vun der Ausschreiwung vum Poste bis hin zur Ënnerschrëft vum Aarbechtskontrakt.

De Service RH këmmert sech em d’Formation continue vum Gemengepersonal.

E schafft intern Reglementer aus, déi sech op d’Aabrechtsorganisatioun bezéien.

De Service RH gëtt bei Problemer mam Personal an Usproch geholl, virun allem a Saachen Disziplinarstrofen a bei Kënnegungen, an am Allgemenge beréit en déi politesch Responsabel zu all Fro, déi sech op d’Aarbechtsrecht bezitt.

Ausserdeem schafft e Prozeduren an/oder Aktiounspläng aus, déi zu enger Verbesserung vun den Aarbechtskonditioune bäidroen.

De Service RH ass zoustänneg fir d’Wale vun der Personalvertriedung an e fleegt eng gutt Relatioun mat de Personaldelegatiounen.

Zënter dem neien europäeschen Dateschutzreglement (RGPD) vum 25. Mee 2018 muss all ëffentlech Administratioun en Delegué à la protection des données, op Englesch “Data Protection officer”, kuerz DPO, ernennen.

De Rôle vum DPO besteet doran d’Gemeng Suessem zum Theema Dateschutz z’informéieren an ze beroden. Des Weideren kontrolléiert den DPO, ob sämtlech Servicer d’Reglement vum Dateschutz anhalen a kooperéiert mat der nationaler Dateschutzkommissoun (CNPD).

Den DPO informéiert déi Responsabel vun der Gemeng Suessem iwwer zukünfteg Obligatiounen an hëlleft bei der eventueller Ëmsetzung vun dësen Obligatiounen.

Den DPO ass also eng ënnerstëtzend Kraaft fir d’Gemeng Suessem an hält déi Responsabel um leschte Stand.