Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mell et

  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
  • Gemeng Suessem

    D'Gemeng Suessem heescht iech häerzlech wëllkomm op hirer Internetsäit. Hei fannt dir all Renseignementer iwwert d'Gemengeverwaltung, d'Liewen an d'Infrastrukture vun der Gemeng, genee ewéi och sämtlech Neiegkeeten a Manifestatiounen, déi an der Gemeng organiséiert ginn.
    Gemeng Suessem
  • Bieles

    D'Uertschaft Bieles ass déi gréisst vun de véier Uertschaften aus deenen d'Gemeng Suessem besteet. Haut wunne ronn 7300 Leit zu Bieles an d’Uertschaft profitéiert aktuell vun der Rekonversioun vun de Friche vum Belval, wou en neie Quartier wiisst, deen zum Groussdeel op Bielesser Terrain läit.
    Bieles
  • Éilereng

    Éilereng ass dat klengst Duerf an der Gemeng. Hei liewen haut eng ronn 1000 Leit. Éilereng konnt vun der „Collectrice du Sud“ profitéieren, der Autobunn, déi Uganks den 1990er fir de Verkéier opgaangen ass. No an no ass laanscht d’Schnellstrooss an de leschte 25 Joer och d’Aktivitéitszone „Z.A.R.E“ gewuess.
    Éilereng
  • Suessem

    An de leschte Joren huet Suessem, wéi de Rescht vun der Gemeng, vum rapide Wuesstem vum Lëtzebuerger Land profitéiert, fir op ewell 2700 Awunner ze kommen. De Park vum Suessemer Schlass an d'Schlass selwer sinn net just en Noerhuelungsgebitt fir d’Suessemer selwer, mä och fir Leit, déi op Suessem op Besuch kommen.
    Suessem
  • Zolwer

    D'Uertschaft Zolwer, mam Zolwerknapp, deen een aus dem hallwe Guttland ka gesinn, zielt ronn 6000 Awunner. Duerch hir sëllechen Infrastrukturen, ewéi de Concertssall Artikuss, kann een zu Zolwer ganz einfach agreabel Stonne verbréngen.
    Zolwer
    • D'Gemeng
    • Bieles
    • Éilereng
    • Suessem
    • Zolwer

Am Moment

Sitzunge vum Gemengerot

Vun elo u fannt dir d'Sitzunge vum Gemengerot komplett am Audio op dësem Site, esou dass dir zu all Abléck kënnt lauschteren iwwert wat am Gemengerot debattéiert gouf.
Audioe vun de Sitzungen

Schoulrentrée 2018

Hei fannt dir alles, wat wichteg ze wëssen ass am Kontext vun der Rentrée 2018. Dir fannt Informatiounen iwwert eis Schoulen, eis Maison Relaisen a Foyeren an all d'Neiegkeeten fir d'Schouljoer 2018/19.
Schoulbuet 2018

Matdeelung fir d'Clibb an d'Veräiner

Vun November u stellt d'Gemeng Suessem hir Publikatiounen ëm. Se ginn an ee Magazin regruppéiert an dee kënnt dann all zwee Méint eraus. Fir d'Manifestatioune vum Mount Dezember nach an déi éischt nei Publikatioun eranzekréien mussen dës bis den Dënschdeg 9. Oktober eragereecht ginn.
Aschreiwung Agenda

Entdeckt d'Gemeng Suessem mat Fotoen

Voir la galerie