Le mot du bourgmestre

 

Léif Matbiergerinnen, léif Matbierger,

Häerzlech wëllkomm op der Homepage vun der Gemeng Suessem.

De Service um Bierger war an ass eis hei an der Gemeng Suessem immens wichteg.

Et ass e grousst Uleies vun eis eng modern, fortschrëttlech Gemeng ze sinn, dofir si mer der Meenung datt eng modern Homepage och en wichtege Bestanddeel dovun ass.

Dës Säite sollen Iech hëllefen Iech an eiser Gemeng einfach a schnell erëmzefannen. Dir fannt hei alles iwwert eis verschidde Gemengeservicer, eis Aktivitéiten a Projeten. Dësweideren sinn och allgemeng Informatiounen iwwert d’Gemeng an hirem historeschen Hannergrond ze fannen.

Mir hoffen, dass mer eis d’Zil, Iech, léif Matbiergerinnen a Matbierger, vill an aktuell Informatiounen iwwert d’alldeeglecht Liewen an der Gemeng matzedeelen an domadder d’Relatiounen tëschent dem Bierger an der Gemeng ze vereinfachen, heimat erreechen.

Et läit eis um Häerz de Service um Bierger ëmmer wieder ze verbesseren, dofir kënnt dir eis och gäre kontaktéieren an är Suggestiounen eraginn.

An der Hoffnung datt dir eise Site reegelméisseg besicht, wënschen ech Iech vill Freed beim Kenneléiere vun eiser Homepage.

Georges Engel

Député-maire


Contacts

Engel Georges 

Engel Georges

LSAP
bourgmestre



Tél. : 59 30 75 - 1

Prendre contact
© Administration Communale de Sanem