Sport

Datt Sport gesond ass, ass fir kee méi e Geheimnis. Wat awer nach méi intressant ass, de Sport hëlleft och nach besser Leeschtungen zu bréngen.

Sport bréngt awer net nëmmen d'Gehir a Schwonk, mee och deng Stëmmung. Gutgelaunt geet alles besser. Zesummen an der Grupp ass Begeeschterung doubel esou grouss.

An eiser Gemeng ginn et ganz vill Sportsveräiner. Et ass ni ze spéit fir unzefänken e neie Sport ze léieren. Wanns du intresséiert bass, géi mol einfach eng Kéier op en Training kucken.

Ongezwonge kanns du och mam Jugendhaus Sport maache goen, an dat all Mëttwoch vun 17.00 bis 19.00 Auer a Freides vu 17.30 bis 18.30 Auer an der Tennishal zu Zolwer um Scheierhaff.

 
Kultur

Et ass schwéier ze definéiere wat alles ënner den Terme "Kultur" fält: Musek, Danz, Gesank an Theater jo mol op jidder Fall.

Sangen oder en Instrument spillen, kanns du an de 4 Dierfer vun eiser Gemeng. Déi néideg Kontaktadresse fënns du ënner de Linke vun der Gemeng.

Sichs du e Proufsall? Mär prososéieren der mol 2 Méiglechkeeten.

An der Rockhal. Kuck einfach um Site www.rockhal.lu  oder lued der hei déi 2 Formulairen erof.

Oder am Jugendhaus. Déi néideg Informatioune kriss du am Jugendhaus selwer oder ruff un op den 593407.

D'Jugendhaus bitt awer och ab 2007 Theatercouren un. Hei kriss du net nëmme gewise wéi een Theater spillt, mee och wat e gutt Stéck ausmécht, wéi ee Kulisse baut a wat een alles u Requisiten an u Kostümer brauch, fir datt en Optrëtt sou richteg gutt gëtt!

Kultur fënns du den Ament zB och hei am Minett iwwer Spazéierweeër. Géi kuck der de flotte Projet mol einfach un: www.sentiersrouges.lu

Fir déi vun äerch déi nach ni am Gadderhaus woaren, de Wee lount sech.
Et ass einfach flott déi fréier Geschicht a Kultur an enger Ausstellung ze entdecken.

 
Vakanzaktivitéiten
Wëlls du mol eng aner Vakanz erliewen? Mat jonke Leit an dengem Alter, hei am Land oder och méi wäit ewech? Oder wëlls du einfach während der Vakanz e puer flott Momenter mat anere Jonken erliewen.

Hei sinn e puer Adresse wou s du déi néideg Informatioune fënns:

- Science-Club: kuck einfach op hirem Internetsite www.science-club.lu bei "Reesen-Workshops".
- Summerakademie oder Wanterakademie wann eng kënschtleresch Séil an där stecht.
- A kuck mol am Agenda vu www.youth.lu.

Natierlech organiséiert eis d'Jugendhaus och flott Aktivitéiten an de Schoulvakanzen. Déi néideg Informatioune kriss du am Jugendhaus

A firwat net einfach mol Vakanz hei am Land maachen. Mär hu megaflott Jugendherbergen hei am Land. Do huet jiddereen d'Méiglechkeet e flotte Week-End mat de Frënn ze organiséieren. Eng flott Vakanz ouni sech eng ustrengend Rees em d'Oueren ze geheien an ouni datt de Portemonnaie ze vill drënner leit.

Den Internetsite vun de Jugendherbergen: www.youthhostels.lu.

© Administration Communale de Sanem