Avis aux habitants - Incendie Rue de France
Léif Awunner, mir wëllen Iech ganz gären e puer wichteg Informatiounen zu der aktueller Situatioun zu Bieles an der Rue de France ginn. 
Déi wichtegst Noriicht virop: och wa leider nach ëmmer Damp a Geroch aus der Scheier zéien, sou hunn eis Pompjeeën d´Situatioun komplett am Grëff. 
Och wann de Brand elo véier Deeg hier ass, sou mussen Hee, Stréi a Botten an der Scheier kontrolléiert ofbrenne gelooss ginn. Donieft kënnt erschwéierend dobäi, dass d´Hal an e Koup fale kéint an dofir als éischt muss ofgerappt ginn, éier alles erausgeholl ka ginn. De Baucongé ass an deem Kontext och leider net hëllefräich. 
Dir kënnt iech awer sécher sinn, dass mir zesumme mat eisen onermiddleche Pompjeeë mat Héichdrock u Léisunge schaffen an dass mir alles dru setzen d´Situatioun esou séier wéi méiglech erëm ze "normaliséieren". 
Wat den Damp ugeet, sou misst dee sech spéitstens Ufank nächster Woch verzéien. De Geroch wäert sech awer leider hale bis alles degagéiert ass. 
Mir soen Iech jiddefalls villmools MERCI fir Äre Versteesdemech an Är Gedold an halen Iech natierlech mat allen Entwécklungen um Lafenden. 
Ee grousse MERCI och un all d´Rettungsdéngschter fir hire couragéierten Asaz. Dem uerg geschiedegte Bauer drécke mir eis Solidaritéit aus.
© Administration Communale de Sanem