| 11.01.2011 | ||
Cuisiner Jadis et Aujourd'hui - Kachen fréier an haut
VIRWUERTGesond lessen gëtt an der Gemeng Suessem grouss geschriwwen. Dofir ginn an de leschte Joeren esouwuel an de Schoulen wéi an eise Kannerbetreiungsstrukturen, ënner der Leedung vun eiser Restauratiounskommissioun, verschidde permanent a punktuell Projeten an deem Beraich an d'Praxis ëmgesat. Esou ginn d' Schoulkanner vun den eenzelnen Zyklen regelméisseg iwwer déi gesond Ernahrung opgeklaert.D' Kanner déi an der « Maison Relais » iessen, kréien gesond, ofwiesslungsräich a kannergerecht Molzechten ugebueden. Dës gi proposéiert a preparéiert vun engem Team, dat aus Kach, educativem Personal an Experten an der Diététique besteet. Bei Visiten am Gaart, um Bauerenhaff asw., léieren d' Kanner wou d'Iesswueren hirkommen. A Bak- a Kachaktivitéiten ginn aus deene gesonden lesswueren lecker Menuer preparéiert.An deem Sënn ass d'Iddi entstanen, dass e Grupp vu Kanner aus der « Maison Relais » während 12 Nomëtteger, ënner der Betreiung vu professionellem Personal am « Centre Intégré Pour Personnes Agées » (ClPA) op der « Dickskopp » zu Zolwer zesumme mat Pensionnairen vum ClPA kachen a bake sallt.D'Resultat vun dëser eemoleger Symbios vu jonke Mënschen an erfuerene Leit léisst sech konkret weisen an zwar an dësem gemeinsam konzipéierte Kachbuch, dat Dir an Ären Hänn hutt. Maacht lech selwer Äert Bild. Vill Spaass beim Nokachen an Nobaken a Gudden Appetit! Marco Goelhausen ZIL VUN DER AKTIVITÉITD'Haaptzil vun dësem generatiounsiwwergraifende Projet ass et d'Kommunikatioun an de Kontakt tëscht den eelere Leit an de Kanner ze förderen. PRÉFACELa nourriture saine est un sujet très important au sein de la Commune de Sanem. C'est à cet effet que depuis quelques années dans les écoles et les structures d'accueil, des projets ponctuels ou permanents sont réalisés sous la direction de la Commission de Restauration. Marco Goelhausen
|
Cuisiner Jadis et Aujourd'hui - Kachen fréier an haut







Haut de page