» Jugendgemengerot


Firwat brauch eis Gemeng e Jugendgemengerot?

An enger Gemeng ass et wichteg, d'Jugend un den Entscheedungen déi si betreffen deelhuelen ze loossen. De jonke Bierger soll d'Méiglechkeet kréien, op lokaler Basis matzebestëmmen a sech fir d'Jugend aus der Gemeng anzesetzen.

De Jugendgemengerot ass eng flott Basis fir d'Jugend an de politeschen Débat ze intégréieren. Déi Jonk kréien d'Méiglechkeet hiren Intressi an hir Meenung vis-à-vis vum de Gemengeverantwortlechen ze vertrieden. Et soll eng Diskussiounsplattform ginn, iwwer déi sech déi jonk aktiv kënnen un der Gemengepolitik bedeelegen. Si kënne konkret Propositioune maachen an un de Gemengerot weiderginn. 

Dës Struktur soll hinnen awer och d'Méiglechkeet ginn, en Abléck an d'Fonctionnement vun hirer Gemeng ze kréien. De politeschen Intressi an den Engagement vun de jonke Bierger soll erkannt a gefuedert ginn.

Fir weider Informatioune kontaktéier eis jugend@sanem.lu

 

De Jugendgemengerot besteet aus 15 Memberen:

Bettendorff Mika, Bricoccoli Anne, Bricoccoli Marie, Conter Lindsay, Feyder Audrey, Gindorff Max, Grevis Lara, Kocan Admir, Medina Yannick, Pretemer Pol, Reuter Lynn, Salis Antonio, Wagner Mika.

Soubal eng Plaz am Jugendgemengerot fräi gëtt, gëtt dat op dëser Plaz annoncéiert an all Jonken aus der Gemeng ka seng Kandidatur iwwer E-mail eraginn. jugend@sanem.lu

 

D'Réuniounen sinn um 10.00 Auer den:

19. September 2009
17. Oktober 2009
24. Oktober 2009

 

 

 

 

 

Photos de la 1ère Réunion du Jugendgemengerot prises par Claude Piscitelli.