Kommissioun

Jugendonline

Jugendkommissioun ass eng vu ville berodende Kommissiounen an der Gemeng. D'Membere beschäftege sech mat allen Themeberäicher ronderem Jugend. Nei Iddië kënnen ausgeschafft ginn, Problemer ginn diskutéiert, Schwaachstellen ginn analyséiert an eng Léisung gesicht.

 

D'Kommissioun huet eng berodend Fonktioun, a kann ëmmer nëmmen dem Schäfferot Propositioune maachen. Anerersäits kann och de Schäfferot en Uleies hunn, wou den Avis vun derJugendkommissioun gefrot gëtt.

 

Dëse Portal ass eng Initiative vun der Jugendkommissioun. D'Grondiddi ass, via Internet en enke Kontakt mat äerch, de Jugendlechen aus der Gemeng ze kréien. An der Iddi- a Meckerkëscht kanns du deng Reklamatiounen a Proposen un eis weiderginn. Mär sinn op fir all Neies, an hoffen dës Säiten zesumme mat äerch Jonke weider auszebauen. MAACHT MATT! Wat bréngt dat Ganzt där? Majo ganz einfach: schaff mat an du bewegs eppes an denger Gemeng. Déi Gemengeverantwortlech hu sou ëmmer en oppent Ouer fir dech!


An der Jugendkommissioun si vertrueden:

 

Nadine Tornambé lsap
Taina Bofferding lsap 
Frank Gilbertz lsap 
Laurent Gurschké lsap 
Lynn Kraetzer lsap 
Laura Pregno déi gréng 
Marc Weis  déi gréng 
Mario Maia  déi gréng 
Mike Lorang csv 
Claude Muller csv 
Sandra Reiter csv 
Marc Dax csv
Thierry Menghi csv 
Jeff Künzer  dp
Daniel Lauckes dp 
Michel Modas adr 
Suzi Berck-Schockmel adr 
Roberto Traversini  saba asbl
Alain Cornely saba asbl
Nathalie Miny jugendhaus 

 

 

Sekretärin vun der Kommissioun ass d'Manon Greven.

 

Mailadress vun der Kommissioun: