Jugendschäffen

marcoMarco Goelhausen

Fir all Beräich op der Gemeng ass en aner Schäffen zoustänneg. Fir d'Jugend ass dat de Marco Goelhausen (lsap). Hie gesäit sech regelméisseg mat der Presidentin vun der Jugendkommissioun. Bei dëse Versammlungen diskutéiere si iwwer Problemer, tauschen Infoen aus, a plangen Aktivitéiten. Natierlech well de Marco och esou erausfannen, wat déi Jonk denken a wat een an der Gemeng ka verbesseren, fir datt déi Jonk an eiser Gemeng hir Plaz fannen.