Sport

 

Datt Sport gesond ass, ass fir kee méi e Geheimnis. Wat awer nach méi intressant ass, de Sport hëlleft och nach besser Leeschtungen zu bréngen.

Sport bréngt awer net nëmmen d'Gehir a Schwonk, mee och deng Stëmmung. Gutgelaunt geet alles besser. Zesummen an der Grupp ass Begeeschterung doubel esou grouss.

An eiser Gemeng ginn et ganz vill Sportsveräiner. Et ass ni ze spéit fir unzefänken e neie Sport ze léieren. Wann s du intresséiert bass, géi mol einfach eng Kéier op en Training kucken.

sport_mini

Ongezwonge kanns du och mam Jugendhaus Sport maache goen, an dat all Mëttwoch vun 17.00 bis 19.00 Auer a Freides vu 17.30 bis 18.30 Auer an der Tennishal zu Zolwer um Scheierhaff.