» Kultur
|
Et ass schwéier ze definéiere wat alles ënner den Terme "Kultur" fält: Musek, Danz, Gesank an Theater jo mol op jidder Fall. Sangen oder en Instrument spillen, kanns du an de 4 Dierfer vun eiser Gemeng. Déi néideg Kontaktadresse fënns du ënner de Linke vun der Gemeng.
Sichs du e Proufsall? Mär prososéieren der mol 2 Méiglechkeeten. An der Rockhal. Kuck einfach um Site www.rockhal.lu oder lued der hei déi 2 Formulairen erof. Oder am Jugendhaus. Déi néideg Informatioune kriss du am Jugendhaus selwer oder ruff un op den 593407. D'Jugendhaus bitt awer och ab 2007 Theatercouren un. Hei kriss du net nëmme gewise wéi een Theater spillt, mee och wat e gutt Stéck ausmécht, wéi ee Kulisse baut a wat een alles u Requisiten an u Kostümer brauch, fir datt en Optrëtt sou richteg gutt gëtt! Kultur fënns du den Ament zB och hei am Minett iwwer Spazéierweeër. Géi kuck der de flotte Projet mol einfach un: http://sentiersrouges.cig.lu Fir déi vun äerch déi nach ni am Gadderhaus woaren, de Wee lount sech. ![]()
|