» Journée-Découverte a Stage
|
Journée-Découverte a StageEt ass net ëmmer einfach ze wëssen, wéi ee Beruff wielen. Et gi Méiglechkeeten, verschidde Beruffer während e puer Stonnen oder esouguer fir eng ganz Woch méi no kennen ze léieren. Profitéiert vun der Méiglechkeet an enger Entreprise éischt Erfahrungen ze sammelen. Entweder där sidd effektiv hell begeeschtert vum Beruff, oder där wësst datt der eng falsch Virstellung hat, a kënnt nach mat Zäiten ëmsuedelen. |
Girlsday - BoysdayAll Joer, déi lescht Woch am Abrëll huet een d'Méiglechkeet am Kader vum Girlsday/Boysday atypesch Beruffer ze entdecken. |
![]() |
Journée-DécouverteDu kanns awer och onofhängeg vun deem Dag, selwer ee Nomëtteg an eng Entreprise goen. Hei ass e Fichier vun Entreprisen aus eiser Gemeng, déi bereet sinn, Schüler fir e puer Stonnen ze empfänken, an hinnen en Abléck an hire Beruff ginn. |
|
StageSollt en halwen Dag der net duer goen, sou kanns du och während enger Schoulvakanz an eng Entreprise goen. E Stage ass net ze verwiessele mat engem Vakanzenjob. Du léiers de Beruff kënnen, gëss awer net bezuelt. |
|