Job a Vakanzenjob

Job

Mat 18 Joer verdéngs du de volle Mindestloun. Du kanns awer keen Urecht erhiewen op de Bonus vun der "Ancienneté de Service", déi en Erwuessenen ab 20Joer ging kréien, wann en da schon 2 Joer geschafft huet.

 

Matt 18 Joer 100%

Tëschen 17 an 18 Joer: 80%

Tësche 16 a 17 Joer: 70%

Tësche 15 a 16 Joer: 60% vum Mindestloun.

 jonkerarbechtswelt  

 

 

Nuetsoarbecht vun de jonke Leit:

D'Gesetz vum 28 Oktober 1969 verbidd prinzipiell d'Nuetsoarbecht fir jonk Leit an der Zäit tëschen 20.00 Auer a 5 Auer. Wann awer deng Firma riicht duerch schafft, ass et där erlaabt bis 22.00 Auer ze schaffen. Schaffs du an der Restauratioun, da kann den Direkter vun der ITM (Inspection du Travail et des Mines) där d'Erlabnis ginn bis 22.00 Auer ze schaffen. Dat gëllt och wann s du an engem medezinesche Beruff schaffs.

 

 

Fir weider Informatiounen: www.itm.etat.lu/droit

Vakanzenjob

Gesetz vum 22 Juli 1982 régléiert d'bezuelte Schaffe vu Schüler a Studenten. Fir ënner d'Konditioun vu Schüler oder Student ze falen, muss Du an enger Schoul ageschriwwe sinn a regelméisseg an déi ganzen Zäiten un de Couren deelhuelen. Du muss mindestens 15 Joer a maximal 25 Joer al sinn. Wanns du mat der Schoul opgehalen hues, fälls du nach während 4 Méint ënner des Bestëmmungen.
E Kontrakt muss virun der Oarbecht ënnerschriwwe ginn. Maximal duerfs Du während 2 Méint am Joer schaffe goen. Zanter dem 1te Mai 1995 muss all Schüler a Student mindestens 80% vum Mindestloun bezuelt kréien, Mindestloun relatif zum dengem Alter, wat heescht:

  • 18 Joer a méi aal: 1256,22
  • 17 Joer: 1004,98
  • 16 Joer: 942,17
  • 15 Joer: 942,17

Index: 719,84
Mindestloun vum onqualifizéierten Oarbechter(= Basis fir den Studenteloun auszerechnen) : 1570,28 €


De Patron muss all Student umellen a seng Onfallversécherung bezuelen. Als Schüler oder Student brauchs Du keng Krankekeess a keng Pensiounskees ze bezuelen.

Wann s Du intresséiert bass, an der grousser Vakanz hei bei deng Gemeng schaffen ze kommen, da muss Du eng Demande virum Abrëll eraginn.

Vakanzenjob op der Gemeng

Vakanzennomëttecher

Vakanzenjob an der Gemeng

Vakanzenjob bei den Vakanznomëttecher