Congé
Ausser dem normale Congé dee jiddereen ze gutt huet, wann en an engem Oarbechtskontrakt drann ass (25 Deeg), ginn et och nach aner Congéeën. Wichteg fir déi jonk Leit ass awer virun allem de
-
Congé-éducation: fir déi jonk Leit ënner 25 Joer déi schaffe ginn (d'Animateure kënnen déi Alterslimite iwwerschreiden). Dese Congé ass fir d'«formation civique et sociale» vun de Jonken ze garantéieren. Och kennen d'Animateuren dovunner profitéieren fir sech weider ze forméieren. En ass awer virun allem fir all Jonk déi sech an hirem Beruf nach welle weider forméieren. De Minister muss säin OK fir de Programm ginn. Am ganzen Liewen huet een 60 Deeg ze gutt. Op engem Zäitraum vun 2 Joer duerfen dat maximal 20 Deeg sinn. Déi Congésdeeg ginn als effektif Aarbechtszäit ugerechent.
Da gi mer der an engems kleng Informatiounen iwwer aner Zorte vu Congé:
-
Congé Sportif: fir d'Sportler, d'Trainer an d'Abiter déi federéiert sinn. Des Demande muss 1 Mount virun der Manifestatioun beim Sportsministär ugefrot ginn.
-
Congé Culturel: ass fir Leit aus der kultureller Szene (Theater, Musek, Danz, etc) geduecht. Maximal huet een 60 Deeg ze gutt. Am Laf vun 2 Joer duerfen et net méi wéi 20 Deeg sinn. Am Virfeld muss eng Demande beim zoustännege Minister gemeet ginn.
-
Congé fir "Services d'Incendie, de Secours et de Sauvetage": déi Leit déi bénévol an dese Beräicher schaffen, kenne wäehrend 42 Deeg an hirem Liewe fir hir Weiderbildung vun desem Congé profitéieren. Maximal kënnen et 6 Deeg am Joer sinn.
-
Congé de Maternité: 8 Wochen virun der Gebuert, 8 Wochen no der Gebuert. (D'Pei leeft normal weider an där Zäit, d'Zäit zielt als normal Oarbechtszäit.)
-
Congé Accueil vun 8 Wochen kritt d'Mamm oder de Papp bei enger Adoptioun vun engem Kand dat nach net ageschoult ass.
-
Congé Parental (fir d'Mamm an de Papp): ass geduecht fir sech em d'Erzéihung vun engem Kand ënner 5 Joer ze këmmeren. Déi Zäit (maximal 6 Méint pro Elterndeel) gëtt eng Indemnitéit vun der Caisse nationale des prestations familiales ausbezuelt.
-
Congé Spécial d'éducation: dese Congé ass fir eng Periode vun engem Joer nom Congé de Maternité. Een Elterendeel kann ufroen fir beruflech eng Paus ze maache, fir sech em d'Erzéihung vum Kand ze këmmeren. No deem Joer huet een d'Recht nees op seng al Aarbechtsplaz zréck gesat ze ginn.
-
Congé Politique: Desen ass fir Buergermeeschter, Schäffen an Gemengeconseilleeën. D'Unzuel un Deeg ass ofhäengeg vun der Gréist vun der jeweileger Gemeng.
-
Congé Syndical: Dese Congé ass fir d'Gewerkschaftler.
Zu de Congés Extraordinaires zielen:
- Hochzäit 6 Deeg
- De Papp bei der Gebuert vun engem Kand 2 Deeg
- Adoptioun vun engem Kand 2 Deeg
- Hochzäit vun engem Kand 2 Deeg
- Stierwfall an der Famill (1te Grad) 3 Deeg
- Stierwfall an der Famill (2te Grad) 1 Dag
- Plënneren 2 Deeg





Haut de page