Firwat brauch eis Gemeng e Jugendgemengerot?
An enger Gemeng ass et wichteg, d'Jugend un den Entscheedungen déi si betreffen deelhuelen ze loossen. De jonke Bierger soll d'Méiglechkeet kréien, op lokaler Basis matzebestëmmen a sech fir d'Jugend aus der Gemeng anzesetzen.
De Jugendgemengerot ass eng flott Basis fir d'Jugend an de politeschen Débat ze intégréieren. Déi Jonk kréien d'Méiglechkeet hiren Intressi an hir Meenung vis-à-vis vum de Gemengeverantwortlechen ze vertrieden. Et soll eng Diskussiounsplattform ginn, iwwer déi sech déi jonk aktiv kënnen un der Gemengepolitik bedeelegen. Si kënne konkret Propositioune maachen an un de Gemengerot weiderginn.
Dës Struktur soll hinnen awer och d'Méiglechkeet ginn, en Abléck an d'Fonctionnement vun hirer Gemeng ze kréien. De politeschen Intressi an den Engagement vun de jonke Bierger soll erkannt a gefuedert ginn.
De 9ten Oktober 2011 gëtt net nëmmen e neie Gemengerot gewielt, mee och nei Membere an de Jugendgemengerot opgeholl.
Du kanns deng Kandidatur an der Gemeng bis de 9ten Oktober eraginn, oder den Dag vun de Gemengewalen däin Ziedel an engem Walbureau an d’Urne vum Jugendgemengerot geheien.
Photos de la 1ère Réunion du Jugendgemengerot prises par Claude Piscitelli.





Haut de page