Jugendhaus

jh

 

Wat ass de Jugendtreff SABA? Et ass méi wei nëmmen en Haus, méi wéi nëmmen e Jugendhaus.

 

Wann s du tëschen 12 a 26 Joer al bass, da bass du hei genee richteg.

 

Mee wat bitt der lo sou ee Jugendhaus. Et si méi wéi 4 Maueren mat engem Daach, wou ënner anerem e Kicker, e Billardësch, en Pingpongdësch, eng Playstation,… etc. steet.

Hues du bei eis eng Memberskoart, da kann s du vun all dëse Saache profitéieren, a nach vill méi.

 

Hei fënns du Leit aus dengem Alter mat deenen s du schwätze kanns an eng gutt Zäit verbrénge kanns.Natierlech kriss du bei den Erzéier all Informatiounen déis du brauchs, sierf et z.B. iwwer d'Aarbecht, d'Weiderbildung, d'Drogen an Alkoholpräventioun oder einfach nëmmen iwwer déi neiste Videosspiller.

 

Dat bescht sinn awer déi Tonnen Aktivitéiten déi mer am Joer man, wéi verreesen, Sport man, Iessen organiséieren an nach villes méi.

 

Also wanns du lo Loscht hues fir laanscht kucken ze kommen, da maach dat roueg, mär géingen eis freeën.

 

Adress: 75, rue de Belvaux
  L-4418 Soleuvre
Telefon:     +352 59 34 07
Mail:

 

Öffnungszaiten vum Jugendhaus zu Zolwer sin:

Vun 14.00 bis 20.00 Auer:                                 Vun 14.00 bis 22.00 Auer:
Denschdes                                                           Freides
Mettwochs                                                             Samstes
Donneschdes

Öffnungszaiten vum Jugendhaus zu Suessem sin:

Vun 16.00 bis 20.00 Auer:
Donneschdes
Freides

Adress:      33, rue de Niedercorn
                    L-4990 Sanem