» Vakanzaktivitéiten


Wëlls du mol eng aner Vakanz erliewen? Mat jonke Leit an dengem Alter, hei am Land oder och méi wäit ewech? Oder wëlls du einfach während der Vakanz e puer flott Momenter mat anere Jonken erliewen.

Hei sinn e puer Adresse wou s du déi néideg Informatioune fënns:

- Science-Club: kuck einfach op hirem Internetsite www.science-club.lu bei "Reesen-Workshops".
- Summerakademie oder Wanterakademie wann eng kënschtleresch Séil an där stecht.
- A kuck mol am Agenda vu www.youth.lu.

Natierlech organiséiert eis d'Jugendhaus och flott Aktivitéiten an de Schoulvakanzen. Déi néideg Informatioune kriss du am Jugendhaus (email: ).

vakanzenaktiviteiten_mini

A firwat net einfach mol Vakanz hei am Land maachen. Mär hu megaflott Jugendherbergen hei am Land. Do huet jiddereen d'Méiglechkeet e flotte Week-End mat de Frënn ze organiséieren. Eng flott Vakanz ouni sech eng ustrengend Rees em d'Oueren ze geheien an ouni datt de Portemonnaie ze vill drënner leit.

Den Internetsite vun de Jugendherbergen: www.youthhostels.lu.