Jugend Online
 text1

 

Des Säit ass de Link tëschen der Jugend an hirer Gemeng.

De Portal erméiglecht e Kontakt mat der Jugend aus der Gemeng ze kréien.
Engersäits sti wichteg Informatioune fir déi jonk um Site, anerersäits gëtt des Säit
der Jugend och d'Méichlegkeet hir Iddien a Remarquen zum Ausdrock ze bréngen.

 

Den 28.04.2012 fennt den mettlerweil traditionellen Youth on stage,
organiseiert vun der Jugendkommissioun vun der Gemeng Suessem, statt.
Genau wei d'lescht Joer fennt desen Event am Kulturschapp zu Eilereng statt.

Youth on Stage

 

 

 

Dëse Site wär näischt wäert, ouni där d'Méiglechkeet ze ginn, eis deng Meenung matzedeelen. Profitéier vun eiser "YouthMail" fir eis deng Iddië weider ze ginn.

  • Stéiert dech eppes an eiser Gemeng,
  • Geet der eppes komplett laanscht de Strëch,
  • Gëss du mam administrative Pabeier net eenz?
  • Hues du eppes gesinn, wous du denks dat brauche mer an eiser Gemeng,
  •  ……..

 

Ma da schreif einfach eng Mail un d'Jugendkommissioun, a sief sécher, mär wäerten där äntweren.