Le mot du bourgmestre
Léif Matbierger, Léif Matbiergerinnen,
Ech freeë mech Iech häerzlech um neien Internet-Site vun der Gemeng Suessem ze begréissen.
Op dësem Site fannt där alles iwwert eis verschidde Gemengenservicer, eis Aktivitéiten a Projeten dësweideren och Informatiounen iwwert eis Gemeng am Allgemengen an hiren historeschen Hannergrond.
D'Ziel vun dësem Site ass et Iech, léif Matbierger a Matbiergerinnen, méi Informatiounen iwwert d' alldeeglecht d' Liewen an der Gemeng matzedeelen an domadder d'Relatiounen tëschent dem Bierger an der Gemeng ze vereinfachen.
An der Hoffnung dass dir eise Site regelméisseg besicht wënschen ech Iech vill Freed beim Kennenléieren vun eisem neie Site.
Georges Engel





Haut de page