De Schëfferot an d'Ëmweltkommissioun soen all de Bierger déi matgehollef hun en décke Merci fir dëse Rekord opzestellen.
Virun allem geet ët jo drëm de fairen Handel mat de Leit aus Afrika, Asien a Lateinamerika ze ënnerstëtzen an hinnen domat eng Existenz ze erméiglechen.
Dëst Ziel ass an der Praxis nëmmen duerch engagéiert Bierger ze erreechen. De Succès vum Fairtrade Kaffi-Aktioun weist datt an der Gemeng Suessem vill motivéiert Leit wunnen déi konkret bereed sinn fir sech fir eng méi gerecht a nohalteg Liewesweis anzesetzen.